
Ech wëll op dëser Plaz bewosst keng Nimm vun Dokteren oder Personal nennen, well ech nët deen ee géint deen aaneren ausspille wëll.
Ech hu vun Ufank un d'Gefill gehat, dass ech medizinësch gudd encadréiert gi sinn. D'Kommunikatioun an d'Koordinatioun tëscht de verschiddenen Dokteren, de véier Spideeler, an de verschiddenen Servisser mat deenen ech ze dinn hat, huet bis ewell exzellent geklappt. Ech hu mech ëm näischt bräichten ze bekëmmeren, et ass alles ewéi vum selwe gelaf.
Aanere Leit ass et mat hiren Dokteren vielläicht anesch ergaangen. Sie hu vielläicht méi negativ Erfahrunge gemaach. Wann dat de Fall sollt sinn, wann der d'Gefill hudd wéi wann der Ärem Dokter egal wiert, en Iech net nolauschtert, da sot ëm ët. Maacht Iech bemierkbar. Dir stidd nët virun engem Herrgott am wäisse Frack virun deem der an d'Knéie musst goen. Et ass Ärt Recht als Patient uerdentlech behandelt ze ginn.
