

Kriibs ass net Kriibs. Mäi Kriibs ass aanescht ewéi deenen aneren hieren. En plus ass all Patient verschidden.
Alles wat ech hei iwwer mäi Kriibs a méng Therapie schreiwen, kann net op engem anere säi Kriibs, op en anere Patient iwwerdroe ginn.
Ech wëll just, dass Der Iech deeës bewosst sidd.

Enfin!, hun ech mer de Moie gesot. Endlech geschitt eppes ! No 5 Woche waarden, kruut ech haut déi éischt Radiothérapieséance fir déi zwou Klengegkeeten am Kapp. Ech war richteg frou. Endlech geet et lass. Et si Problemer do, an déi musseen elo geléist ginn. 5 Woche Waarderei ass laang. Mais bon, se hu misse sin. Wann een dräi Chantiéen huet déi noeneen verschafft musse ginn, da soll een op Nummer sécher goen. Léiwer ee Rendez-Vous beim Dokter zevill, léiwer eng Biopsie derbäi, wéi all deeës net genuch. Et muss ee kucken all d’Chancen op séng Säit ze kréien. An dofir brauch een ë bësse Gedold. Als een deen ëmmer ongedëlleg war, hun ech ganz séier geléiert Gedold ze hunn. Gedold mat mir selwer, mengem Kierper, a well mäi Liewen elo zu engem gudden Deel vu Rendez-Vouen am Spidool a vu Medikamenter rhytméiert gëtt. Et gëtt Momenter do geet näischt, do ass ee midd, freckt wéi mer soen. Da maachen ech eben näischt. Schlofen bis datt mäi Kierper erëm a Form ass. Gedëlleg bleiwen ass d’Devise vum Moment. Näischt iwwerstierzen. Gedëlleg mat séngem Kierper ginn. Dee verännert sech. D’Haut gëtt duerch de Cortison méi dënn, se räisst méi séier, se gëtt dréchen. Heiandsdo richen ech ewéi e Crèmedëppchen. T’ass egal. Et musse en sech der Situatioun upassen. An de Mënsch passt sech séier un. |
Ongedëlleg hun ech ëmmer gemengt ech misst zwou, dräi, véier Saache beiënee maachen. Zanter datt ech wees, dass ech riskéiere mech vun engem Moment op deen aaneren mussen hinzeleeën, maachen ech eent nom aaneren. An dat Erstaunlechst? Alles geschitt méi roueg, mat manner Hektik, an trotzdem méi séier! Et ass ewéi mam Goen. E Fouss virun deen aneren amplaz Verwuereltes wou ee riskéiert sech d’Been ze briechen. Gedold awer och mat de Leit rondërem mech. Soss huet mech villes genervt. Haut froen ech mech firwat ech mech iwwer villes opgeregt hunn. Et ass ewéi mam Wieder. Et kann een et souwisou net änneren, also huet et kee Sënn fir sech gréng a giel driwwer ze iergeren. Sou ass et och mat ville Leit. Et kann een se net änneren, also muss en sech esou mat hinnen arrangéiere wéi se sinn. An da fënnt een heiandsdo souguer eraus, datt se iwwerhaapt net esou sinn, wéi ee gemengt hat, dass se wieren! Gedold ass keng Konscht déi een net léiere kann. Waardt net drop krank ze ginn, fir se ze léieren! |
J’ai trois chantiers à traiter : deux petits rehaussements nodulaires pathologiques dans le cerveau, un adénocarcinome de 7 cm au niveau du lobe pulmonaire supérieur droit, ainsi que des localisations secondaires au niveau des surrénales. Avant d’essayer de faire fondre la tumeur au poumon par la chimiothérapie, on doit s’occuper du cerveau. Trois séances d’irradiation sont prévues. J’ai eu la première le 26 avril. C’était éprouvant. Rester immobilisé pendant plus d’une heure, suspendu par la bouche dans cette sorte de cage, ce n’est pas évident. Mais je suis encore du bon côté, puisque je plains ceux qui, contrairement à moi, dans cette position, ne savent plus correctement respirer par le nez. En tout cas, le professionnalisme avec lequel ces séances d’irradiation ont été méticuleusement préparées et jusqu’à présent exécutées par le personnel du Centre Baclesse au CHEM me rassurent et me rendent confiant |
Si le résultat sera concluant ? Nul ne peut me le prédire. Après la troisième et dernière séance mardi le 4 mai on en saura plus. En tout cas un grand Merci pour l’équipe présente aujourd’hui d’avoir pris ces photos. |

